Overview

Administrativ Assistent*in fir an eisen Personal Bureau 40 Stonne pro Woch am CDD Jobs in Findel, Luxembourg, Luxembourg at Luxembourg Air Rescue / Luxembourg Air Services

Title: Administrativ Assistent*in fir an eisen Personal Bureau 40 Stonne pro Woch am CDD

Company: Luxembourg Air Rescue / Luxembourg Air Services

Location: Findel, Luxembourg, Luxembourg

Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fliegeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.

 

Fir eis Équipe ze verstäerken siche mir eng/een:

 

Administrativ Assistent (-in) fir an eisen Personal Bureau

40 Stonne Woch am CDD (12 Méint)

 

Är Haaptaufgab besteet doran, eisen Departement vun den Ressource Humaines mat diversen, administrativen Tâchen ze ënnerstëtzen.

 

Är Roll :

Är Responsabilitéiten sinn ënnert anerem :

·        Administrativ Gestioun vun de Recrutementer

·        Mataarbecht um Dossier Formation Professionelle Continue

·        Administrativ Gestioun vun de Präsenzen an den Absencen

·        Gestioun an Suivi vun den Badgen

·        All aner administrativ Aarbechten, déi an eisem Departement ufalen

Äre Profil: 

·         Dir hutt en DT an der Administratioun a Gestioun

·         Erfarung am Beräich HR ass e Virdeel. 

·         Lëtzebuergesch ass ee Muss, grad esou wéi Englesch, Franséisch, an Däitsch

·         Dir kennt Iech an den üblechen Computer Programmen gutt aus (MS-Office) 

 

Är Qualitéiten: 

·         Frëndlecht an ee gepflegt Optrieden sinn fir Iech selbstverständlech

·         Dir sidd diskret an dynamesch

·         Dir kënnt gutt mat Leit ëmgoen

·         Dir sidd vun Natur aus ganz gewëssenhaft a kënnt Iech gutt konzentréieren

·         Dir hutt gutt Kommunikatiounsfäegkeeten

 

Mir bidden:

 ·       Modern a spannend Aufgaben

·        Professionellt a multikulturellt Ëmfeld

·        Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung

-        Sympathescht Team

·        Attraktiv Sozialleeschtungen

 

Bei Astellung verlaange mir en Auszoch aus dem Casier (Extrait Casier Judiciaire N°3).

 

Mir freeën eis op Är Kandidatur!

Upload your CV/resume or any other relevant file. Max. file size: 800 MB.